„Beautiful, free photos“

Unsplash.com ass eng genial Säit déi ech bal bei all Projet iergendwann opruffen a benotzen. Et ass keng üblech Stock-Foto-Plattform wou een Standart Studio-Fotoen rofluede kann, mee eng Säit, wou richteg gutt Fotoen vu Fotografen aus der ganzer Welt komplett gratis zur Verfügung gestallt ginn (et gëtt ee just frëndlecherweis gebieden den Numm vum Fotograf bei der Foto unzeginn, et muss een awer net). Dobäi hunn d’Fotoen all e gewëssen Alternative-Touch dee mer immens gutt gefällt. Ech soen deenen Dausende Fotografen ob dëser Plaatz en décke Merci! well ouni sie hätt ech schon oft keng passend (gratis) Foto fir e Projet fonnt!

www.unsplash.com

Photo by Sam Ferrara on Unsplash